Gratuit

Dates multiples

Info-Owend Sproochentwécklung (LU)

Informations sur l'événement

Partager cet événement

Date et heure

Adresse

Adresse

Service Audiophonologique

20 Rue de Bitbourg

1273 Luxembourg

Luxembourg

Afficher la carte

Description de l'événement

Description

D’Sproochentwécklung schéngt en einfachen an natierleche Prozess ze sinn, mee et handelt sech a Wierklechkeet ëm eng ganz komplex Aufgab vun der fréier Entwécklung, déi oft vill Froen opwäerft: Wéini kommen di éischt Wieder, di éischt Sätz? Wéi ginn ech mat Méisproochegkeet ëm? Wéi förderen ech d’Sprooch vu mengem Kand am beschten? Wat maache, wann d’Sproochentwécklung vu mengem Kand schwiereg virugeet?

Fir Iech Äntwerten op all dës Froen ze proposéieren, invitéiert de Service audiophonologique vun der Gesondheetsdirektioun Iech op en Informatiounsowend mat zwee Orthophonisten.

Op dësem Owend schwätzen eis Orthophonisten vun der normaler Sproochentwécklung a ginn Iech Rotschléi fir eng adäquat Sproochförderung. No där Presentatioun hutt dir d’Geleeënheet är Erfahrungen mat den aneren Elteren auszetauschen a méi spezifesch Froen ze stellen.



Wat maache wa keng Plaze méi fräi sinn?
Wa keng Plaze méi fräi sinn oder wa keen Datum fir Iech passt, dann zéckt net fir den Event ze "followen" oder reegelméisség op eise Site kucken ze kommen. Mir maachen all Mount nei Datumer dobäi.

Wou kann ee parken?
Mir hu gratis Parkplazen lénks nieft eisem Gebai.

Wéi kann ee mam ëffentléchen Transport op d'Plaz kommen?
D'Bussen Nummer 15, 20, 25 a 70 fueren op den Arrêt "Bitbourg" , 1 Minutt zu Fouss vun eisem Gebai.

Partager avec les amis

Adresse

Service Audiophonologique

20 Rue de Bitbourg

1273 Luxembourg

Luxembourg

Afficher la carte

Sauvegarder cet événement

Événement sauvegardé