1.	KOORDINATIOUNSMEETING fir lokal Koordinatoren
Free
1.	KOORDINATIOUNSMEETING fir lokal Koordinatoren

1. KOORDINATIOUNSMEETING fir lokal Koordinatoren

Event Information

Share this event

Date and Time

Location

Location

Wonerbatti

15 Rue de la Laiterie

7783 Bissen

Luxembourg

View Map

Friends Who Are Going
Event description

Description

Gudde Moien léif lokal Koordinatoren,

Mir si frou Iech op deen éischten nationale Koordinatiounsmeeting fir lokal Koordinatoren ze invitéieren. Mir treffen eis de 15. Dezember an der Gemeng Biissen, déi dëst Joer déi dräi Konditiounen fir Golden City um EU-Niveau erfëllt huet, an eis frëndlecherweis hire Sall Wonerbatti zur Verfügung stellt.

Mir wiere frou Iech bei dësem Meeting begréissen ze kënnen (Dir kënnt och eng Persoun aus Ärer Gemeng matbréngen). Et geet drëms op d'EMW 2016 zréckzekucken, an d'Weichen fir d'EMW 2017 ze stellen. Wann et Iech méiglech ass, bréngt w.e.g. eng PPT mat e puer flotte Fotoen vun Ärer Mobilitéitswoch mat, fir datt mir se deenen anere Koordinatore weise kënnen. D'national Koordinatioun wäert Iech deen Dag dann och all Informatioune weiderginn déi um EU-Meeting Enn November zu Wien matgedeelt goufen, an déi Iech interesséiere kéinten.

Nom Walking Lunch kënne mir dann och d'Biisser Bicherkabinn kucke goën, d'permanent Mesure déi d'Gemeng Biissen ëmgesat huet.

Mellt Iech w.e.g. bis spéitestens den 8. Dezember un, fir datt mir de Sall an d'Verfleegung plange kënnen.

Mir freeën eis Iech zu Biissen rëmzegesinn!

Dir fannt de Programm an der Print-Versioun op Basecamp.


8:00 – 8:15 Wëllkomm, Aleedung a Virstellung vun de lokale Koordinatoren
M. Jos Schummer, Buergermeeschter vu Biissen
M. David Everard, nationale Koordinator vun der Mobilitéitswoch
8:15 – 8:30 Aktivitéiten zu Biissen während der EUROPÄESCHERMOBILITÉITSWOCH 2016
M. David Viaggi, 1. Schäffen vu Biissen
8:30 – 8:50 Update iwwer déi europäesch Entwécklungen betreffend der EMW
M. David Everard, nationale Koordinator vun der Mobilitéitswoch
8:50 – 9:15 Kaffi a Croissant
9:15 -10:00 Rapport iwwert d’EMW am grousse Ganzen (Partizipatioun, Mediepräsenz…)
M. David Everard, nationale Koordinator vun der Mobilitéitswoch
10:00 – 11:30 Rapport vun de lokale Koordinatoren zu der EUROPÄESCHERMOBILITÉITSWOCH 2016
11.30 - 12.30 Austausch: Wat kann 2017 besser ginn? Wat feelt nach?
12.30 - 14.00 Walking lunch
14.00 - 15.00 Visite vun der Bisser Bicherkabinn fir déi, déi wëlle bleiwen.

Share with friends

Date and Time

Location

Wonerbatti

15 Rue de la Laiterie

7783 Bissen

Luxembourg

View Map

Save This Event

Event Saved